Kultur
Sozialkritik beim Multiplica 2021
Gëschter hu mir op dëser Plaz de belsche Kënschtler Dries Depoorter beim Montage vu senge Multimedia-Installatiounen, fir den Digitalkonscht-Festival Multiplica, an de Rotondë begéint. De Reportage fannt Dir natierlech online op eisem Site.
Beim Multiplica ginn tëschent dem 26. Februar an Enn Dezember 2021 u véier Weekender déi digital Praktiken an eiser Gesellschaft duerch Konscht hannerfrot. Den Depoorter gesäit sech schonn als sozialkritesch, hien hätt awer kee bestëmmt Zil.
D'Kerstin Thalau huet beim Multiplica-Coordinateur Yves Conrardy nogefrot, wat fir ee But d'Rotondë mam Festival verfollegen.