arrow_back_ios
Klassik aktuell
Le Poème du feu
Haut viru genee 110 Joer (02.03.1911) huet den Alexander Skrjabin d'Uropféierung vu sengem Orchesterwierk "Prométhée ou le Poème du feu" gefeiert. Et ass e grousst Wierk, dat am Verglach zu deem wat de Komponist nach wëlles hat, ganz keng war. Am Februar 2021 huet de Pianist Pascal Meyer e Pianosfstival am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck co-curatéiert, an deem de Skrjabin am Mëttelpunkt stoung. An deem Kontext huet de Luc Boentges mam Pianist iwwer dës spéit Wierker vum Skrjabin geschwat.