Klassik aktuell
Mam Felix a Schottland ënnerwee
E Samschdeg (6.3) invitéieren d'Philharmonie an de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg Kanner ab sechs Joer op eng Rees a Schottland. Méi genee gesot, erliewe si Schottland aus den An vum Felilx Mendelssohn Bartholdy. De Komponist huet seng Andréck vun dësem Land nämlech a senger drëtter Sinfonie festgehalen.
An der Presentatioun gëtt deementspriechend eng schottesch Aventure skizzéiert, allerdéngs ouni Duddelsäck, wéi d'Martina Menichetti dem Luc Boentges am Interview verroden huet. Si ass fir d'Konzept an d'Presentatioun vun dësem Concert zoustänneg.