arrow_back_ios
Fräie Mikro
R.E.S.P.E.C.T
Respect! Fir déi aner ... Fir dee Raum, dee mer fir Sécherheet a Liewensqualitéit brauchen. Mee kaum wiessele mer de Moyen de Transport, scho changéieren eis Uspréch un den ëffentleche Raum an eis Perspektiv op déi Aner schléit ëm. De Respekt vu Jidderengem sengem Espace soll eis awer ni verluer goen, mengt d'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.