arrow_back_ios
Klassik aktuell
Wéi de Paganini dem Liszt säi Liewe verännert huet
De Franz Liszt ass haut als Legend um Piano bekannt. Als grousse Virtuos huet hie bei senge Concerten dacks esou fest an d'Taste geschloen, datt d'Instrumenter futti gefuer sinn a seng Kompositioune fir Piano doe bis haut vill Museker schweessen. De Wee dohinner, war fir de Franz Liszt awer kee riichten. Laang wousst hien net, wouhi mat sengem Liewen. Dëst huet sech vun engem Ament op deen anere geännert, an zwar am Mäerz 1831, wou e grousse Museker zu Paräis op Besuch war.