Europa Aktuell
Wéi soll d'EU besser organiséiert ginn?
Mat bal engem Joer Verspéidung gëtt haut am Europaparlament de Startschoss ginn, fir déi sougenannnte "Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa". Hei sollen d'Bierger an d'Biergerinnen aus der EU ee Wuert mat ze schwätze kréien, doriwwer, wéi si sech d'EU virstellen a wënschen. Zil ass et, d'EU méi demokratesch ze maachen.
Déi Konferenz sollt eigentlech am Mee zejoert ufänken an zwee Joer daueren. D'Schold dofir, datt et esou laang gedauert huet, bis et lassgoung, ginn déi Responsabel der Corona-Pandemie. Dat ass awer nëmmen d'Hallschent vun der Wourecht.
D'Danièle Weber iwwer dee schwieregen Ufank vun dem Diskussiounsprozess iwwer d'Zukunft vun der EU.