Klassik aktuell
De Meeschter vum Tango Nuevo
Wéi kënnt ee vun Argentinien op New York, dann nees zeréck op Buenos Aires. Wéi kënnt ee spéider op Paräis, fir da reegelméisseg duerch d'ganz Welt ënnerwee ze sinn? Dës Froen hätt een den Astor Piazzolla sollte froen, wéi hien nach gelieft huet.
Et ginn eng Partie interessant Biografien, an där een alles akribesch noliese kann. De Meeschter vum Tango Nuevo huet et fäerdegbruecht an e puer Joerzéngten den Tango ze revolutionéieren an en an d'Philharmonië vun der Welt ze bréngen.
Am Kader vun den 100 Joer vum Piazzolla huet sech de Manuel Ribeiro fir dësen aussergewéinleche Parcours vun engem grad esou aussergewéinleche Mënsch interesséiert.