Europa Aktuell
EU-UK: Finanzservicer nach net gereegelt
Nom Brexit hunn d'EU a Groussbritannien nach esou Munches ënnereneen ze reegelen. Dozou gehéieren zum Beispill déi fir Lëtzebuerg ganz wichteg Finanzservicer. Si falen net ënner de Fräihandelsaccord, deen d'EU mam Vereenegte Kinnekräich ausgehandelt huet, an deen zanter ufanks des Joers a Kraaft ass.
Bis Enn Mäerz sollt dee grousse Kader fir Regulatiounen am Beräich vun de Finanzservicer gesat sinn, an engem Memorandum of Understanding. Do koum een awer nach net vill virun - an d'Ambiance tëschent béide Partner ass den Ament net déi bescht.
D'Danièle Weber mat Hannergrënn