Klassik aktuell
Opruff fir eng musikalesch Kompositioun
Fir d'Rentrée 2021/22 plangen de radio 100,7 an de KulturKanal (KUK) e gemeinsame Projet, bei deem d'Kreatioun vun enger Kompositioun an engem Text fir Chouer, begleet vun enger Videokreatioun, am Mëttelpunkt stinn.
D'Commande riicht sech un all lëtzebuergesch KomponistInnen & AutorInnen an/oder KomponistInnen & AutorInnen, deenen hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg ass. D'Stéck soll eng Längt vu minimal véier Minutten a maximal fënnef Minutten hunn a gëtt vum Vokalensembel The Duke's Singers uropgeféiert. D'Theema vum Stéck ass virdefinéiert an heescht: "Gléckleche Sisyphus". Dat Theema kann explizitt oder implizitt am Text virkommen. Den Text muss op Lëtzebuergesch oder enger vun den aneren offizielle Sproochen hei zu Lëtzebuerg verfaasst ginn. D'KomponistInnen an d'SchrëftstellerInne sollen hir gemeinsam Kandidatur mat enger Biographie, Extraite vu well geschriwwene Wierker (Audio/Text/Partitur), an enger detailléierter Beschreiwung iwwer déi geplangte Kompositioun bis den 15. Abrëll 2021 un d'Email-Adress chouer@100komma7.lu eraschécken
Weider Informatiounen fannt Dir hei.