Kultur
"D'Konscht an d'Kris" ee Joer duerno
Am Mäerz 2020 huet de Lockdown fir vill Froen an Onsécherheet gesuergt. Ënner anerem am Kultursecteur sinn Existenzängschten opkomm. Den Auteur a Literaturwëssenschaftler Samuel Hamen, deen tëschent Lëtzebuerg an Heidelberg pendelt, war verwonnert, wéi vill Leit, mat Willkür an Tempo, séier Äntwerte ginn hunn: wéi "duerch Argumenter a Positioune gebrätscht ginn ass", esou seng Formulatioun an engem Fräie Mikro fir den 100,7. Leider hätte fir eng ästheetesch Reaktioun op d'Pandemie Zäit, Muße a Rou gefeelt.
D'Kerstin Thalau wollt vum Samuel Hamen wëssen, wéi hien dat e Joer duerno gesäit.