Europa Aktuell
AstraZeneka: Déi ënnerschiddlech Reaktiounen an der EU
Wéi sécher ass den Impfstoff AstraZeneka a soll virun domat geimpft ginn? Déi Fro beschäftegt den Ament d'Gesondheetsministeren an der ganzer EU. D'Länner hunn iwwerdeems ënnerschiddlech Konsequenze gezunn. Dat nodeems bekannt gouf, datt et a verschidde Fäll bei geimpfte Leit Problemer a Form vu Bluttgerinnsel no enger Impfung mam brittesch-schweedesche Vaccin opgetruede sinn.
Lëtzebuerg huet genee wéi Frankräich, Däitschland oder Italien d'Impfe mat AstraZeneka suspendéiert. An der Belsch, an Éisträich oder Lettland ass de Vaccin iwwerdeems virun am Asaz.
Wéi kann et sinn, datt jiddwereen aner Decisiounen hëlt? Dat ware Froen un d'Cheffin vun der EMA. Eng richteg Äntwert dorop gouf et net. Hannergrënn vum Danièle Weber