arrow_back_ios
Klassik aktuell
Zäitgenëssesch Musek aus Lëtzebuerg
Um neien Disk vun de Solistes Européens, Luxembourg beim Label Naxos si fënnef Lëtzebuerger Kompositioune festgehalen. Et handelt sech ëm Live-Matschnëtter aus deene leschte Jore mat Wierker vun Ivan Boumans, Marco Pütz, Jeannot Sanavia, Tatsiana Zelianko a Roland Wiltgen. Fir de Chefdirigent Christoph König ass et eng grouss Chance, dës Kompositioune op Disk kënnen ze verëffentlechen. De Manuel Ribeiro huet mam Dirigent geschwat.