Klassik aktuell
Dowland a Byrd op der Harf
Ënner dem Tiel Odo Sonoritas organiséiert de Christophe Unkelhäusser ëmmer Mëtt November e Concert zu Stolzebuerg an der Kierch. D'lescht Joer huet de Concert allerdéngs wéinst der Pandemie missen ofgesot ginn. Wat am November 2020 net méiglech war, gëtt dofir elo nogeholl, andeems een den 21. Mäerz 2021 d'Journée Européenne de Musique Ancienne matfeiert. Nieft Optrëtter vun der Formatioun Minstrels of the Full Moon a vum Didier François mat senger Nyckelharpa ass och d'Dina Nimax ze héieren.
De Luc Boentges huet sech mat der Harfenistin getraff, fir méi iwwer de Programm an hiert Instrument gewuer ze ginn.