Europa Aktuell
Covid-Impfen an der EU: Firwat geet et esou lues virun?
Zanter gutt zwee an engem halwe Mount gëtt an der EU géint Covid 19 geimpft.
Bis elo hunn an der Moyenne awer manner wéi 1/10 vun den Erwuessenen Europäer hir 1. Dosis. Fäerdeg geimpft si grad emol 4,2 Prozent. Zu Lëtzebuerg sinn dat dräi Prozent. Wann et an deem Tempo virugeet, dauert et also nach bis wäit an d'nächst Joer eran, bis jiddwereen an Europa an de Genoss vun enger Impfung koum. Virausgesat, d'Leit sinn iwwerhaapt motivéiert genuch, fir sech impfen ze loossen.
D'Diskussioun ronderëm den Impfstoff AstraZeneka, dee jo gëschter op en Neits vun der Europäescher Medikamenten Agence als sécher agestuuft gouf, huet do net gehollef.
Doriwwer, an iwwer d'Impfstoff-Liwwerunge an dem Versuch vun der EU-Kommissioun, Drock ze maachen - mee och iwwer dee gréngen Hoffnungsschimmer a Form vun engem Covid-Certificat schwätze mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.