arrow_back_ios
Kultur
Frontalier am TNL
E Mann steet am gewinnte Stau, wéi all Dag, wann hien iwwer d'Grenz fiert fir op seng Aarbecht ze kommen. Hie léisst senge Gedanke fräie Laf an déi féieren hie ganz wäit fort fir ëmmer erëm am Haut an am Hei unzekommen.
"Frontalier" heescht d'Theaterstéck vum Jean Portante, dat de Frank Hoffmann inzenéiert huet. Op der Bün de franséische Schauspiller Jacques Bonnaffé. D'Valerija Berdi war op der Première am TNL.