arrow_back_ios
Klassik aktuell
Keng Chrëschtmusek
Och wann en dacks an der Advents- a Chrëschtzäit ze héieren ass: dem G.F. Händel säin Oratorium "The Messiah" ass keng Chrëschtmusek, mee Passiounsmusek - eng Meditatioun iwwer Gott, wéi de Librettist Charles Jennens selwer betount. "The Messiah" hat quasi vun Ufank un enorme Succès. Esouguer de W.A. Mozart huet eng eegen Orchestratioun vum Oratorium gemaach. Den 23. Mäerz 1743 war déi éischt Opféierung vun "The Messiah" zu London.