Europa Aktuell
Europaparlament freet eng nei Strategie fir den Tourismus-Secteur
Um EU-Sommet haut gëtt ënner anerem iwwer eng gréng Covid-Kaart diskutéiert. Ee Certificat, deen ënner anerem d'Reesen nees méi einfach maache soll. Dorop waart virun allem den Tourismus. De Secteur mécht ëmmerhin zéng Prozent vum europäesche PIB aus, mat 22 Milliounen Aarbechtsplazen. En ass awer och ee vun deenen, déi am meeschte betraff si vun der Pandemie.
Iwwer d'Suitte vun der Kris gouf gëschter Owend am Europaparlament debattéiert. D'Parlament setzt sech dofir an, datt eng nei Strategie ausgeschafft gëtt - d'Agathe Cherki huet sech déi méi genee ugekuckt.