Fräie Mikro
D'Sprooch als Instrument fir politesch Ausgrenzung
1984 ass Lëtzebuergesch per Gesetz Nationalsprooch ginn. D'Benotzen an d'Wäertschätzung vun dëser Sprooch hunn am Laf vun de Joren enorm zougeholl - an der Politik wéi och an de Medien oder op de sozialen Netzwierker. Politesch Debate gi bal nach just op Lëtzebuergesch geféiert an dobäi gëtt vergiess, datt mir e méisproochegt Land sinn. Vill vun den auslänneschen Awunner wéi och de Frontaliere kënnen dës Diskussiounen net novollzéien, obwuel si e wichtege Bestanddeel vun eiser Gesellschaft sinn, ouni deen eist Land net kéint iwwerliewen.
Trotz de villen Efforte bleift fir d'Auslänner oder d'Frontalieren den Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch begrenzt, mengt d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés, an engem Fräie Mikro.