arrow_back_ios
Kultur
Den DTail vum DKollektiv sengem DKollage
Viru fënnef Joer huet sech den DKollektiv gegrënnt, mam Zil, sech um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng, zesumme mat Kreativen, Wëssenschaftler, Laminoire-Aarbechter an Interesséierten, mat Industriekultur ze beschäftegen.
Mëttlerweil gouf d'Roll vum DKollektiv vun offizieller Säit unerkannt, esou datt e finanziell ënnerstëtzt gëtt, fir an zwou fréiere Walzwierk-Hale fir Esch2022 e "Laboratoire du faire ensemble" opzebauen. De Weekend vum 19./ 20. Mäerz hat den DKollektiv DKollage. D'Kerstin Thalau war zu Diddeleng.