arrow_back_ios
Europa Aktuell
Elektromobilitéit: Wou sinn d'Luedstatiounen?
D'Entwécklung vun der Elektromobilitéit ass am Zentrum vun der europäescher Verkéierspolitik. Eleng d'lescht Joer goufen zu Lëtzebuerg ronn 2.470 Gefierer mat Elektromotor zougelooss. En Zouwuess vun iwwer 250 Prozent par Rapport zum Joer virdrun. D'Unzuel un Hybrid-Autoen huet sech bannent engem Joer verduebelt. Fir dësem Wuesstum net am Wee ze stoe brauchen d'EU-Länner déi néideg Lued-Infrastrukturen. An déi hänken hannendrun, och zu Lëtzebuerg. Kéint déi feelend Infrastruktur der E-Mobilitéit schueden? Detailer Maxi Pesch