Klassik aktuell
De Quatuor Akilone
2016 ass de Quatuor Akilone eng éischte Kéier international opgefall. No engem Erasmus-Austausch zu Wien gewënnt de Quartett de Premier Grand Prix um aachten internationale Concours fir Sträichquartett zu Bordeaux an och de Prix ProQuartet. Zanterdeem stoungen deene véier Musekerinnen all Dieren op, mat Optrëtter a Japan an och op ville Plazen an Europa.
De Quatuor Akilone ass iwwermuer Donneschdeg (1.4.2021) um 20:00 Auer am CAPE Ettelbréck an engem Programm mat Schubert, Berg a Ravel ze héieren. De Manuel Ribeiro huet mat der Geiistin Elise de Bandelac geschwat.