arrow_back_ios
Fräie Mikro
Per asperam ad AstraZeneca
Mir si mëtten an enger schwéierer Kris an d'Sondagë soen, datt d'Leit es esou lues midd sinn. Och d'Regierung schéngt esou lues un hir Limitten ze geroden. Dat ass verständlech awer net gutt, well mir sinn net derduerch. Dat fäert de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL.