Klassik aktuell
Vun der aler Musek bis an d'21. Joerhonnert
Virun dräi Wochen huet de Jérémie Rhorer an der Philharmonie "La voix humaine" vum Francis Poulenc mat der Patricia Petibon als Solistin dirigéiert. Den Owend ass de franséische Museker nees beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg - dës Kéier mat passender Musek fir Gréngen Donneschdeg: "Die sieben letzten Worte unseres Erlösers am Kreuze" vum Joseph Haydn.
De Jérémie Rhorer ass een Dirigent, dee sech an all Repertoire wuelfillt: an der historesch informéierter Opféierungspraxis mat sengem eegenen Ensembel Le Cercle de l'Harmonie, awer och grad esou gutt am grousse romantesche Repertoire an an der zäitgenëssescher Musek.