Klassik aktuell
Vum Russ zum US-Amerikaner
Et war alles mee keen Abrëllsgeck, wéi de Serge Rachmaninow den 1. Abrëll 1873 als dat véiert vu sechs Kanner an enger aristokratescher Famill gebuer gëtt. Wien hätt geduecht, datt dee spéidere Pianosvirtuos als Schüler net grad vun Äifer gestrotzt an och dacks seng Pianoscourse geschwänzt huet. De Pianist a Komponist huet u staarke Selbstzweiwelen an Depressioune gelidden, déi hien a senger Karriär dacks aus der Bunn geheit hunn. Haut gehéiert de Rachmaninow zu deene bedeitende spéitromantesche Komponisten. Vill vu senge Melodië sinn enorm populär - iwwer déi klassesch Musekszeen eraus.