Klassik aktuell
35 Joer Klenge Maarnicher Festival
Véier Concerte stinn tëschent dem zéngten Abrëll an dem sechste Mee beim Klenge Maarnicher Festival op der Affiche. Well et déi 35. Editioun vum Festival ass, hätten d'Organisateure se gären e bësse méi grouss gefeiert. Obwuel d'Pandemie dëse Pläng e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet, ass dës Editioun trotzdeem eng besonnesch. Ënner anerem well een Ensembel um Programm steet, deen och well viru 35 Joer beim Klenge Maarnicher Festival opgetrueden ass.
De Luc Boentges huet mam Directeur Artistique Romain Kremer iwwer de Programm vun dësem Joer geschwat.