Klassik aktuell
20 Joer op d'Uropféierung waarden
Am November 1904 gëtt am Nolooss vun engem fréieren éisträichesche Kulturminister eng schick gebonnen, handschrëftlech Partitur vum Anton Bruckner senger 5. Symphonie entdeckt - akkurat geschriwwe vum Komponist selwer. Op der Partitur ass eng Widmung un de Minister, deen de Bruckner als Professer op der Universitéit zu Wien nominéiert hat. De Manuskript huet den Datum vum November 1878. Bis an d'Joer 1877 hat den Anton Bruckner u senger 5. Symphonie geschafft - wéi gewinnt mat sëllege Korrekturen. Och d'Uropféierung ronn 20 Joer méi spéit - den 8. Abrëll 1894 zu Graz - war net déi vun der Originalfassung, mee eng revidéiert Versioun vum Dirigent a Bruckner-Frënd Franz Schalk.