arrow_back_ios
Klassik aktuell
Balli, Ciaccone & Dialoghi
Musek ass Rhythmus, an dee geet zeréck op vill, iwwer Joerhonnerten tradéiert Danzformen. An der Renaissance beweegt d'Musek sech éischter op den Danz wéi op d'Melodie. Den Danz ass de roude Fuedem vum Programm, deen den Ensemble Ad Libitum muer den Owend an der Porkierch zu Ëlwen proposéiert: Balli, Ciaccone e Dialogh i- Wierker vu Bertali, Buxtehude, Cazzati, Praetorius, Uccelini op historeschem Instrumentarium.