arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Exotismus an der Oper
Matzen an der Kolonialzäit huet sech de Public a Frankräich fir Geschichten aus dem Orient begeeschtert. Elementer vun Exotismus an Opere ware beléift, an d'Komponisten hunn den Nolauschterer och ginn, wat si verlaangt hunn. De Léo Delibes hat mat senger Oper "Lakmé", de 14. Abrëll 1883 an der Opéra Comique, grousse Succès. D'Wierk verzielt eng Liebesgeschicht vun zwee Mënschen aus ganz ënnerschiddleche Kulturen. Verschidde Melodien aus der Oper sinn haut wäit iwwer d'Klassik eraus bekannt.