Klassik aktuell
Beethoven Resound
Dem Ludwig van Beethoven seng Musek ass haut grad esou aktuell wéi se et zu Liefzäite vum Komponist war. Dat huet net nëmme mat der Musek selwer ze dinn, mee och mat der Manéier, wéi se haut kléngt - an do gëtt sech an der Lescht vill drëm beméit, datt dem Beethoven seng Sonaten, seng Kammermusek a seng Symphonien hiren Originalsound erëmfannen. Wéi hunn d'Instrumenter deemools geklongen? Wéi war Dispositioun vum Orchester? Wou goufen d'Wierker opgeféiert, a wéi war d'Akustik vun de Säll? Äntwerten op dës Froe sicht a proposéiert de Projet "Beethoven Resound".