Kultur
"Dëse Roman huet mat 'Faserland' net vill ze dinn"
A sengem neie Roman "Eurotrash" fiert e fiktionaliséierte Christian Kracht mat senger alkoholkranker an inkontinenter Mamm duerch d'Schwäiz fir d'Familljefortune ze verprassen - an täuscht alt rëm eng Kéier seng Lieser. Mam Kracht-Spezialist Claude D. Conter huet de Frédéric Braun iwwer dëst Buch geschwat.
De Claude D. Conter ass ënner anerem co-Editeur vu "Five Years" (2011), dem Bréifwiessel tëschent dem Christian Kracht an dem David Woodard a vum Sammelband "Christian Kracht: Leben und Werk" (2009). Aacht Joer laang huet de Claude D. Conter d'Nationaalt Literaturarchiv (CNL) geleet. Zanter 2020 ass hien Direkter vun der Nationalbibliothéik.