Klassik aktuell
Monteverdi, Bach, Beethoven
Ee vun de Päpp vun der historescher Opféierungspraxis ass den Hollänner Gustav Leonhardt. De Gustav Leonhard ass kee Mann vu ville Wierder, hien theoretiséiert net iwwer d'Musek, huet keng ästheetesch Dogmen - ausser de Respekt virum Komponist a senger Aarbecht. Interpretatioun ass fir de Leonhardt ee falscht Wuert, Fräiheet am Ëmgang mat der Partitur scho bal eng Doudsënn. "D'Fräiheet läit eleng beim Komponist", mengt den Cembalist an Dirigent. "Mir stinn am Déngscht vun der Musek, et steet eis net zou, si no eisem Goût ze interpretéieren." Dëst ass och de Grondgedanke vum John Eliot Gardiner senger musikalescher Approche. Den engleschen Dirigent koum den 20. Abrëll 1943 an der Grofschaft Dorset op d'Welt.