arrow_back_ios
Kultur
Zeechnen nom Attenat
De 7. Januar: eng Narb fir vill Fransousen. 2015 gouf d'Redaktioun vun der Satirzeitung Charlie Hebdo vun zwee Terroriste gestiermt. Zéng Journaliste sinn dem Attentat zum Affer gefall. Véier goufe schwéier verletzt.
D'Dessinatrice Corinne Rey, alias Coco, zielt zu den Iwwerliewenden. An "Dessiner encore" moolt déi 38-Joer al Illustratrice iwwer den Uschlag a wéi hiert Liewen op d'Kopp gestallt gouf. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn ass hir begéint.