arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vu Lëtzebuerg op Donaueschingen
No siwe Joer ass Schluss fir d'Lydia Rilling zu Lëtzebuerg - eng nei Erausfuerderung waart. Dramaturgin an der Philharmonie a Cheffin vum Festival Rainy Days gëtt vum Mäerz 2022 un Directrice artistique vun den Donaueschinger Musiktage. D'Donaueschinger Musiktage sinn deen eelste Festival fir zäitgenëssesch Musek a feieren dëst Joer hiren 100. Anniversaire. Zu Donaueschingen goufe wichteg Wierker vun der Zweeter Wiener Schoul - Musek vum Arnold Schönberg, Alban Berg, Anton Webern an och vum Paul Hindemith uropgeféiert.