Kultur
E besonnesche Bonbon am Escher Kamellebuttek
Virun dräi Joer hunn d'Kënschtler Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd de Kamellebuttek opgemaach: hir eege Konschtgalerie, mat Exporaum, Kënschtleratelieren an engem Programm fir Konschtcoursen. Beim "Buttek" handelt et sech ëm dat fréiert Haus vum Raphael Gindt senger Boma, an engem Escher Wunnquartier. Déi éischt Expoen hate grousse Succès, mee du koum Corona, an déi jonk Galeristen hu missen ëmdenken. Bis den 10. Juli 2021 presentéiert den Duo d'Ausstellung "CoronArt", d'Vuë vun 32 Kënschtler op d'Joer 2020. D'Kerstin Thalau war sech e Bild maachen.