Europa Aktuell
Kënschtlech Intelligenz an der EU
Op am Navi am Auto, an der (heiansdo lästeger) Korrektur-Hëllef an engem Schreifprogramm oder enger Partie Schach géint de Computer - Algorithme si permanent amgaang am Hannergrond vun eisem Alldag matzeschaffen. D'Potential vun där Kënschtlecher Intelligenz besser auszenotzen, an dat digitaalt Europa auszebauen, dat ass een Zil, dat sech dës Europäesch Kommissioun op hire Fändel geschriwwen huet.
Dat Ganzt sollt an engem gereegelte Kader oflafen a fir dat ze garantéieren huet Bréissel dës Woch Reegele fir déi kënschtlech Intelligenz proposéiert. Wat ass do konkret geplangt? Doriwwer schwätze mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.