arrow_back_ios
Klassik aktuell
Première fir d'Corinna Niemeyer
Am September 2020 huet den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) déi däitsch Musekerin Corinna Niemeyer als nei Directrice musicale engagéiert. Iwwermuer Sonndeg (25.4.2021) huet d'Corinna Niemeyer elo hiren éischte Concert als nei Cheffin vum OCL. Um Programm sti Wierker vu Stravinsky, Ravel a Piazzolla. Den Daniel Gruselle ass de Solist am Astor Piazzolla sengem Concerto fir Bandoneon "Aconcagua". D'Corinna Niemeyer an den Daniel Gruselle sinn Invitéeën am Klassik-Magazine "Resonanzen".