Zu Sandweiler soll keng nei Gemeng um aktuelle Site gebaut ginn. Där Meenung waren déi meescht Awunner, déi gëschter am Referendum doriwwer ofgestëmmt hunn
An de Schoule fänken dës Woch d'Selbst-Tester un. Bis zu 120.000 Schnell-Tester pro Woch solle bei Schüler an Enseignantë gemaach ginn
Keen Oscar fir Lëtzebuerg: Déi zwou Lëtzebuergesch Koproduktiounen, déi nominéiert waren, hu kee Präis gewonnen. De Film "Nomadland" krut dräi Oscaren
A Frankräich ginn d'Schüler aus de Primär- a Maternell-Schoulen haut no dräi Woche Paus zeréck an d'Schoul
An Italien däerfen haut a ville Regiounen d'Restauranten a Caféen nees Clienten dobaussen zerwéieren
Am nationale Fussball Championnat bleift et spannend. Den Tabellen-Éischte Fola Esch an den Zweeten Swift Hesper hu gëschter 2-2 gläich gespillt