arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng vun de grousse Stëmmen vum 20. Joerhonnert
1994 ass d'Christa Ludwig eng leschte Kéier an der Wiener Staatsoper opgetrueden. Den deemolegen Direkter vun der Oper, de Ioan Holender, huet d'Sängerin als "wahrhaftig gottbegnadete Künstlerin" charakteriséiert. Bal een halleft Joerhonnert laang huet d'Christa Ludwig op alle grousse Bünen gesonge. Fir si war Talent eng Verflichtung, eng Responsabilitéit, där si mat vill Äifer an Discipline och gerecht gouf. E Samschdeg ass d'Christa Ludwig am Alter vun 93 Joer gestuerwen.