Klassik aktuell
Sein oder nicht sein
An de leschte Méint war et schwéier fir d'Solistes Européens entspriechend de sanitäre Mesurë fir Prouwen an e Concert zesummenzekommen. De Motto vum éischte Concert no laanger Zäit den Owend (26.04.2021) an der Philharmonie ass an deem Sënn scho bal op zwou Manéieren ze verstoen: "To be or not to be". Reng musikalesch geet et ëm déi éiweg Shakespeare-Fro mat Wierker vun Ives, Schubert, Beethoven an Hummel. Solist am Concert ass den Trompettist Reinhold Friedrich. Éier et awer op d'Bün geet, musse sämtlech Museker nach e Covid-Test maachen.
De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vun de Solistes Européens, dem Eugène Prim, och iwwer déi organisatoresch Contraintë vun engem Concert geschwat.