Europa Aktuell
/ Sofagate: Déck Loft tëschent Conseilspresident a Kommissiounscheffin
Sofagate: Déck Loft tëschent Conseilspresident a Kommissiounscheffin
Et war en diplomatesche Tëschefall, deen ënner dem Titel Sofagate an d'Geschicht agoe wäert an ee Bild, dat sech bei ville Leit agepräägt huet: Wéi viru knapps dräi Wochen den tierkesche President déi zwou Spëtzte vun den EU-Institutiounen zu Ankara empfaangen huet, stounge just zwou Fotelle prett. Et war de Conseils-President Charles Michel, dee sech op enger dovun nieft dem Recep Tayyip Erdogan niddergelooss huet. Der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen awer blouf näischt anescht iwwreg, wéi sech op d'Couche niewendrun ze setzen.
Dee Sofagate hat fir vill Opreegung gesuergt a gouf gëschter Owend am Europaparlament nach eng Kéier duerchgeholl - ënner de Presenz vum Charles Michel an der Ursula von der Leyen.
D'Danièle Weber huet déi Debatt fir eis suivéiert.