arrow_back_ios
Klassik aktuell
En Oldtimer gëtt renovéiert
En Oldtimer gëtt renovéiert. Kee mat Pneuen, Dieren oder engem Auspuff, dofir awer ee mat engem déif schwaarze Lack, wäissen Tasten an engem schéine Klang. Mat engem Alter vun iwwer 60 Joer ass et fir de Concertsfligel vum Groussen Theater un der Zäit fir eng komplett Renovatioun. De Luc Boentges huet sech am Theater iwwer d'Geschicht vun dësem Instrument informéiert an huet de Fligel bei senger Renovatioun bis an den Atelier vum Pianohaus Marcus Hübner begleet.