arrow_back_ios
Klassik aktuell
Dee gréisste Stau vu London, Räck déi brennen ...
Räck, déi brennen, Reen bei engem Open-Air-Concert an de Bünebildner, dee mam Säbel op e Pyrotechniker lassgeet. Wärend beim kinnekleche Fest vum Aix-La-Chapelle-Fridden esou zimmlech alles schif gaangen ass, wat nëmme konnt schif goen, konnt den Händel mat senger Freedefeier-Musek e grousse Succès feieren. An dat ass him well e puer Deeg virun der Uropféierung gelongen.