Klassik aktuell
Vasco da Gama oder l'Africaine?
Den Giacomo Meyerbeer, deen als de Grënner vun der franséischer Oper gëllt, huet sengerzäit zesumme mam Librettist Eugène Scribe net seelen iwwer seng Opere Gesellschaftskritik geäussert. An der Oper "L'Africaine" gëtt eng Libesintrig verzielt um Fong vu Kolonialismus a Sklaverei, zu enger Zäit, wou d'Ofschafung dervun héich aktuell war. Haut ginn et zwou Versioune vun der Oper: déi ursprénglech Fassung "Vasco da Gama" a "L'Africaine", déi den 28. Abrëll 1865 an der Paräisser Oper uropgeféiert gouf.