arrow_back_ios
Kultur
CNL-Liesrees
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Wann d'Leit net kënne bei d'Bicher kommen, da ginn d'Bicher bei d'Leit, ongeféier esou kann een déi nei Initiativ vum Mierscher Literaturzenter beschreiwen. Si schécken an Zesummenaarbecht mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren ronn 25 Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren op d'Rees duerch d'Land, wou déi dann an den diverse Kulturhaiser hir nei Publikatiounen mat Liesunge virstellen. D'Valerija Berdi huet mat der Nathalie Jacoby, Directrice vum CNL geschwat.