arrow_back_ios
Klassik aktuell
Musek als Spigel vum Liewen
Dat eegent Liewen a Musek - esou kéint een dem Gustav Mahler säi Wierk kuerz beschreiwen. Et gëtt wuel kaum ee Komponist, bei deem déi eege Biographie an d'Musek esou enk verknëppt sinn, wéi beim Mahler. Theemen a Kläng, déi de Mahler a sengem Privatliewe begleet hunn, fanne mer reegelméisseg an der Musek: d'Natur, der Doud, Froen vun Transzendenz. De Gustav Mahler ass de Komponist vum Mount Mee - den 18. Mee 1911 ass de Mahler zu Wien gestuerwen.