Klassik aktuell
"Wunderbar leichte Natürlichkeit"
Dat attestéiert d'Süddeutsche Zeitung där spuenescher Hautboistin Cristina Gómez Godoy. Mat 22 Joer gouf d'Cristina Gómez Godoy Member vun der Staatskapelle Berlin ënner dem Daniel Barenboim. Antëschent ass d'Musekerin Solistin op hirem Pult, a si spillt nach mat en etlechen Orchesteren an der Welt. Dernieft enseignéiert d'Cristina Gómez Godoy och zu Berlin. De Palau de la Música zu Barcelona huet d'Hautboistin als Rising Star fir d'Saison 2020/2021 nominéiert. An deem Kader ass d'Cristina Gómez Godoy den Owend (3.5.2021) an der Philharmonie ze héieren.