Klassik aktuell
Vun der Auer, iwwer d'Iwwerraschung bis bei d'Hong
Iwwer 100 Sinfonien huet de Joseph Haydn geschriwwen. Well dorënner ronn 20 Stéck an Do Majeur sinn, ginn d'Tounarten eleng net duer fir se z'ënnerscheeden. De Katalor vum Anthony van Hoboken ass och net wierklech prägnant. Opgedeelt an réimesch an an arabesch Zifferen wierken dës Bezeechnunge séier kryptesch.
Kee wonner also, datt vill vum Haydn senge Sinfonien e Spëtznumm krut. D'Auer-Sinfonie ass zum Beispill en Titel, deen ee méi einfach verhält wéi Sinfonie a Ré Majeur - Hoboken-Katalog I:101. Mä net nëmmen dowéinst hu sech dëst Titelen duerchgesat, mengt de Luc Boentges. E groussen Undeel dorun hätt och dem Haydn seng Kreativitéit.