Klassik aktuell
Vun der Auer, iwwer d'Iwwerraschung bis bei d'Hong
6 min
Iwwer 100 Sinfonien huet de Joseph Haydn geschriwwen. Well dorënner ronn 20 Stéck an Do Majeur sinn, ginn d'Tounaarten eleng net duer fir se ze ënnerscheeden. De Katalog vum Anthony van Hoboken ass och net wierklech prägnant. Opgedeelt a réimesch an an arabesch Ziffere wierken dës Bezeechnunge séier kryptesch.
Kee Wonner also, datt vill vum Haydn senge Sinfonien e Spëtznumm kruten. D'Auer-Sinfonie ass zum Beispill en Titel, deen ee méi einfach verhält wéi Sinfonie a Ré Majeur - Hoboken-Katalog I:101. Mee net nëmmen dowéinst hu sech dëst Titelen duerchgesat, mengt de Luc Boentges. E groussen Undeel dorun hätt och dem Haydn seng Kreativitéit.