Europa Aktuell
Dennis Radtke iwwer EU-Sozial-Sommet an EU-Mindestloun
D'EU huet sech am Beräich vun der Sozialpolitik konkret Ziler ginn. Enn der Woch kommen zu Porto (a Portugal) d'Sozialpartner an d'EU-Staats- a Regierungscheffen zesummen, fir de Point ze maachen. Op deem Sommet mussen d'Memberlänner konkret Engagementer huelen, dat fuerderen net nëmmen d'Gewerkschaften, mee och eng Partie Europadeputéiert.
Een dovun ass den Dennis Radtke. Hien ass ee vun de Rapporteren am Europaparlament iwwer d'Direktiv fir een Europäesche Mindestloun. Hie plädéiert dofir, an där Direktiv méi wäit ze goe wéi d'Europäesch Kommissioun, also de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit dat bis elo proposéiert huet a gëtt dofir an den eegene Reie kritiséiert.
D'Danièle Weber huet am Virfeld vum EU-Sozialsommet mam däitschen CDU-Politiker geschwat.