Klassik aktuell
De Stellewäert vum Museksunterricht valoriséieren
Laang gouf doriwwer diskutéiert, geplangt an ënner de betraffenen Acteuren negociéiert: Elo steet deen neie Studiegang Bachelor Enseignement musical. D'Universitéit Lëtzebuerg an d'Conservatoiren hunn hir Kompetenzen zesummegedoen a bidden eng akademesch Formatioun un, déi hir Plaz am Bologna-Prozess huet.
"Et gi vill Leit, déi wierklech hir Vocatioun am Enseignement gesinn. An dann ass dat hei eng Plaz, wou si dat kenne léieren."
sot de Marc Meyers, Direkter vum Stater Conservatoire, am Abrëll hei um radio 100,7. Gëschter gouf deen neie Bachelor offiziell presentéiert.